CR106C
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Nidderpallen
op Räichel
Verlaf
Nidderpallen CR 106
Nidderpallener Millen Pall
Räichel N 12

Den CR106C ass e klenge Chemin repris am Kanton Réiden tëscht Nidderpallen a Räichel.

D'Strooss huet hiren Ufank zu Nidderpallen op der Kräizung mat dem CR106, an enger Duerfstrooss déi op de Pallerbierg féiert. Se leeft da vu Pallen no Osten a Richtung Nidderpallener Millen, wou se iwwer d'Pall féiert, a vun do u weider am Dall vun der Pall, an duerno vun der Atert, um Bord vum Frieckbësch a vum Kesselbësch, bis op Räichel, wou se op d'N12 stéisst.

Den CR106C ass ronn 2,7 km laang.