D'Kierch vun Nidderkuer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Déifferdeng Saint-François-d'Assise an zu der Gemeng Déifferdeng gehéiert.

Kierch vun Nidderkuer

Uertschaft / Plaz Nidderkuer
Par Par Déifferdeng
Saint-François-d'Assise
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Péiter a Pol
Konsekratioun 1893
Architekt(en) Antoine Hartmann
Koordinaten 49° 32’ 11.7’’ N
      05° 53’ 16.2’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner sinn d'Helleg Péiter a Pol, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

Se steet am nordwestlechen Deel vun Nidderkuer an engem Dräieck tëscht der rue de l'Église, der rue du Cimetière an der rue St. Paul. Hanner der Kierch e bëssche méi héich erop ass de Kierfecht vun Nidderkuer.

Geschicht änneren

D'Kierch mat dräi Schëffer gouf 1854 no Pläng vum Architekt Antoine Hartmann gebaut. Se gouf de 15. Juli 1893 vum Bëschof Jean-Joseph Koppes konsekréiert.

Klacken änneren

3 Klacken, déi am Salve-Regina-Motiv lauden hänken am Tuerm. Se staamen aus der selwechter Géisserei, awer aus zwee Johrhonnerten.

Nr. Numm Gewiicht (kg) Duerchmiesser (cm) Toun Géisser Gossjoër
1 Maria Tréischterin 1'200 126 e' Mabilon 1952
2 Péitrus 700 104 g' Mabilon 1858
3 Apollonia 500 93 a' Mabilon 1858

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Nidderkuer – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Kierch vun Nidderkuer, vum Kierfecht hier gekuckt