D'Kierch zu Manternach ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Manternach gehéiert.

Kierch vu Manternach
Parkierch vu Manternach (2006)

Parkierch vu Manternach (2006)
Parkierch vu Manternach (2006)
Uertschaft / Plaz Manternach
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Brictius
Konsekratioun 1865
Baujoer 1864
Koordinaten 50° 04’ 29.8’’ N
      06° 04’ 00.2’’ O
D'Kierch an d'Gemengenhaus vu Süde gesinn

D'Kierch an d'Gemengenhaus vu Süde gesinn
D'Kierch an d'Gemengenhaus vu Süde gesinn
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Brictius, deem säi Fest den 13. November gefeiert gëtt.

Se steet am Kirchewee, enger Sakgaass. Vis-à-vis vun der Kierch siin d'Gemengenhaus an de Kierfecht.

Geschicht änneren

Nodeems sech am 19. Joerhonnert an der Géigend vu Manternach eng bedeitend Eisen- a Pabeierindustrie entwéckelt hat, wouduerch d'Awunnerzuel sech stänneg vergréissert hat, gouf déi al an deelweis baufälleg Kierch, déi op der haiteger Plaz virun der Kierch stoung, ze kleng an den deemolege Paschtouer Nicolas Graff huet proposéiert eng nei ze bauen. No den néidege Viraarbechte gouf de 7. Mäerz 1863 de Bau ëffentlech ausgeschriwwen, an den Entreprener Ludwig vu Kanech krut den Zouschlag. Den 3. Juni 1863 gouf de Grondstee geluecht a schonn den 12. Juni 1865 gouf déi nei Kierch konsekréiert.

1915 gouf en neien Haaptaltor opgeriicht, en Duxall gebaut an deen alen Harmonium duerch eng Uergel ersat.

1919 goufen déi al Fënsteren am Chouer duerch neier ersat, wat 1928 och mat de Fënsteren am Kiercheschëff geschitt ass.

2014 gouf d'Kierch baussen nei ugestrach. Den Tuerm vun der Kierch krut am November-Dezember 2014 eng nei Spëtzt, well d'Gehëlz net méi stabil genuch war. Am Tuerm hat 1908 de Blëtz ageschloen, wat bei de Reparaturaarbechte vun 2014 konfirméiert gouf, well Spuere vun der Reparatur vun deemools fonnt goufen.[1]

De 15. November 2015 gouf a Presenz vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich den 150. Jubiläum vun der Kierch gefeiert an eng Erënnerungsplack virun der Kierch ageweit.[2]

Den 2. Mäerz 2018 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.

Klacken änneren

Am Klackentuerm hänke 4 Klacken:

  • D'Klack Do gouf 1983 zu Saarburg vun der Klackegéisserei Mabilon gegoss a weit 400 Kg.
  • D'Klack La gouf 1894 zu Saarburg vun der Klackegéisserei Mabilon gegoss a weit 600 Kg.
  • D'Klack Sol gouf 1965 an der Äifeler Klackegéisserei gegoss a weit 700 Kg.
  • D'Klack Fa gouf 1965 an der Äifeler Klackengéisserei gegoss a weit 1000 Kg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Manternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Den neie Kierchtuerm ass an der Maach Robert Mehlen den 29. November op mywort.lu
  2. Guy Seyler: 150 Kerzen für eine Kirche am Luxemburger Wort vum 17. November 2015, S. 24