Kierch Kautebaach

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Kautebaach ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.

Kierch vu Kautebaach
Filialkierch vu Kautebaach

Filialkierch vu Kautebaach
Filialkierch vu Kautebaach
Uertschaft / Plaz Kautebaach
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Bernhard
Konsekratioun 1951
Architekt(en) Simon (Wolz)
Koordinaten 49° 57’ 7.3’’ N
      6° 1’ 7.0’’ O
D'Kierch vu bannen

D'Kierch vu bannen
D'Kierch vu bannen
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Bernhard, deem säi Fest den 20. August gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Jakobus.

Se steet op der Konstemer Strooss, dem CR322, direkt nieft der Klierf.

Geschicht änneren

En Deel vu Kautebaach nërdlech vun der Klierf an der Wolz huet bis 1807 zur Par Pënsch gehéiert, deen aneren Deel zur Par Konstem. 1807 gouf Kautebaach eng eege Par.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Kautebaach, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Et war déi eenzeg Kierch an där Par.

Schonn 1570 gouf eng Kapell ernimmt, an där all Woch eng Mass gefeiert gouf. Dëst Gebai stoung beim Kierfecht.

Eng al Monstranz vu 1601 ass haut nach am Besëtz vun der Kierch.

1893 gouf eng méi grouss Kierch gebaut, do wou se haut nach steet. Déi zwéin al Altär aus dem 18. Joerhonnert an déi zwou al Klacke goufe mat an déi nei Kierch geholl. 1913 gëtt e wäertvolle Fligelaltor am neogotësche Stil ugeschaaft.

Duerch d'Bombardementer vun den Alliéierten an der Ardennenoffensiv gouf de 26. Dezember 1944 d'Kierch komplett zerstéiert, just den Tuerm blouf stoen.

D'Kierch gouf ënner dem Paschtouer J.P. Hengen nei opgebaut an 1951 ageweit. D'Statu vum Hl. Bernard iwwer dem Portal, déi de Bombardement och net iwwerstanen hat, gouf duerch eng nei ersat. Si ass d'Wierk vum Lëtzebuerger Sculpteur Léon Nosbusch.

D'Fënsteren änneren

D'Fënstere si vum lëtzebuergesche Kënschtler Gustave Zanter.

Klacken änneren

Zu Kautebaach lauden dräi Klacken, déi kleng ass vu 1776, déi mëttelst vun 1838 an déi grouss aus dem Joer 1950.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Kautebaach – Biller, Videoen oder Audiodateien