Jousefskierch zu Iernster
(Virugeleet vu(n) Kierch Iernster)
D'Jousefskierch zu Iernster war eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Nidderaanwen gehéiert huet.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Conter | |||
Par | Par Iewescht Syr Saint-Esprit | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hellege Jousef | |||
Koordinaten | 49° 40’ 52.8’’ N 06° 14’ 51.9’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner war den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.
Se steet zu Iernster an der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR132. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Hueschtert huet ausser der Filialkierch vun Iernster och nach d'Parkierch vun Hueschtert gehéiert.
Zënter Januar 2023 ass se entweit a gehéiert elo der Gemeng Nidderaanwen. D'Kierch gëtt fir sozial Zwecker genotzt, als Buttek mat präiswäerte Kleeder aus zweeter Hand.[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Jousefskierch zu Iernster – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Nei Par Sektor Ost
- D'Fënstere vun der Kierch vun Hueschtert op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
Kierch vun Iernster (Südsäit)
-
Agank vun der Kierch vun Iernster
Referenzen
änneren- ↑ Desakraliséiert, mä ëmmer nach e reliéisen Zweck, D'Iernster Kierch lieft am Soziale weider.. rtl.lu (29.8.2024). Gekuckt de(n) 30.8.2024.