Nikloskierch zu Holz

(Virugeleet vu(n) Kierch Holz)


D'Nikloskierch zu Holz ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Rammerech Saint-Valentin am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

Kierch vun Holz

Uertschaft / Plaz Holz
Par Rammerech
Saint-Valentin
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Baujoer 1746/1747
Koordinaten 49° 48’ 21.7’’ N
      05° 47’ 18.6’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Weste vum Duerf op der Kräizung vun der rue du Village mat der rue du Bois. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

Am Äerzbistum Tréier gouf Holz schonn am Joer 1330 ernimmt, wat drop hin deit datt et schonn deemools eng Par an eng Kierch do gouf. Am Joer 1533 gouf d'Kierch vun Holz an engem Dokument an Zesummenhang mam Doud vum deemolege Paschtouer ernimmt.

Um Schlosssteen iwwer der Agankspaart ass d'Baujoer 1692 uginn, et handelt sech dobäi warscheinlech ëm d'Baujoer vum Tuerm. 1746/47 gouf eng nei Kierch gebaut, déi den 18. August 1747 geweit gouf.

Am Joer 1870 gouf den Tuerm komplett renovéiert. 1921 krut d'Kierch eng Uergel vun der Firma Stahlhut vun Oochen, fir déi am Joer 1959 en Duerchbroch am Tuerm gemaach gouf, fir se deelweis doran anzebauen. Zu där Zäit gouf vum Paschtouer Martin Schroeder d'ganz Kierch renovéiere gelooss.

1961 sinn dräi nei elektresch ugedriwwe Klacken agebaut ginn. D'Kierch huet och e Klackespill, dat all Stonn eng Melodie spillt.

D'Kierch gouf 2016 fir d'lescht renovéiert. D'Bänke sinn an d'Belsch verkaf ginn a mat Still ersat ginn, de Priedegtstull gouf erausgeholl a just seng Reliefer vun den Evangeliste goufe restauréiert an an der Kierch als Biller opgehaangen an de Kräizwee gouf ewechgeholl. D'Altär grad wéi d'Hellegefigure goufe restauréiert an an helle Farwen nei ugestrach. Och de ganze Kiercheraum gouf nei ugestrach an et gouf eng Kräizegungsgrupp am Chouer iwwer dem Sakristeischaf ubruecht, déi virdrun am Agangsberäich vun der Kierch gehaangen huet. D'Kierch krut nei faarweg Fënstere vum Kënschtler Robert Emeringer grad wéi eng nei Digitaluergel. D'Uergel vun der Firma Stahlhut mat hirem ale Spilldësch ass erhale bliwwen. Vun den ale Kierchefënsteren ass just eng erhale bliwwen, déi d'Holzer Kierch an d'Maria, déi dem Hellegen Dominikus e Rousekranz gëtt, weist. Déi Fënster gouf restauréiert an am Agang vun der Kierch opgehaangen.

Fotogallerie änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nikloskierch zu Holz – Biller, Videoen oder Audiodateien