Kierch Fëschbech (Klierf)


D'Kierch vu Fëschbech bei Klierf ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.

Kierch vu Fëschbech
Filialkierch vu Fëschbech (2014)

Filialkierch vu Fëschbech (2014)
Filialkierch vu Fëschbech (2014)
Uertschaft / Plaz Fëschbech
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Thomas
Baujoer 1898
Koordinaten 50° 04’ 29.8’’ N
      06° 04’ 00.2’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Duarrefstrooss, dem CR340.

Geschicht änneren

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Hengescht. Zur fréierer Par Hengescht hunn ausser der Kierch vu Fëschbech och nach d'Parkierch vun Hengescht an d'Appoloniakapell zu Kaalber gehéiert.

De Chronogramm änneren

Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1898 duerstellt:

RUH WIE IOHANNES AUS BEI MEINER BRUST;
ICH WILL DICH NIE VERLASSEN

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Fëschbech (Klierf) – Biller, Videoen oder Audiodateien