Kierch Déierbech

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Déierbech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

Kierch vun Déierbech
Kierch vun Déierbech (2014)

Kierch vun Déierbech (2014)
Kierch vun Déierbech (2014)
Uertschaft / Plaz Déierbech
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Maria Magdalena
Konsekratioun 1735
Baujoer 1732
Koordinaten 50° 00’ 52.6’’ N
      05° 53’ 23.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Patréinesch vun der Kierch ass dhelleg Maria Magdalena, där hiert Fest den 22. Juli gefeiert gëtt.

D'Kierch steet ganz ëstlech an der Uertschaft. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf 1732 gebaut an am Juli 1735 vum Weihbëschof Gilis vu Léck konsekréiert.[1]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Déierbech, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Et war déi eenzeg Kierch an dëser Par.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Déierbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 172 an 181