Kepler-4b
Exoplanéit
De Kepler-4b ass en Exoplanéit am Stärebild Draco. Hie kreest ëm säin Zentralstär Kepler-4 mat enger Period vun 3,234 Deeg. Säi Radius a seng Mass sinn ongeféier wéi beim Planéit Neptun. De Kepler-4b huet änlech Eegenschafte wéi de Gliese 436 b oder den HAT-P-11 b.
Kepler-4b | |
---|---|
Stärebild: | Draco (Dra) |
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 19h 02m 27.7s |
Deklinatioun | + 50° 08' 08" |
Visuell Magnitude | 14,2 mag |
Orbitdaten | |
Zentralstär | Kepler-4 |
Grouss Hallefachs | (0,0456 ± 0,0009) AE |
Ëmlafdauer | (3,21346 ± 0,00022) Deeg |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 0,08 MJ |
Distanz a Liichtjoer | 1631 |
Geschicht | |
Entdecker | Kepler-Missioun |
Entdeckungsjoer | 2010 |
Den Exoplanéit gouf 2010 am Kader vun der Kepler-Missioun vun der NASA entdeckt.