Kategorie Diskussioun:Sport um Cap Vert

Letzter Kommentar: virun 1 Joer von GilPe in Abschnitt am / um

am / um änneren

Moien,

Ech proposéieren, dës Kategorie an „Sport um Cap Vert“ z'änneren (cf https://lod.lu/artikel/CAPVERT1). GilPe (Diskussioun) 15:00, 17. Dez. 2022 (UTC)Äntweren

Moien,
ech hu mech hei un deenen anere Kategorie fir de Cap Vert orientéiert. Ech hätt näischt dogéint, wann dës (an déi aner Kategorie vum Cap Vert an Zypern) geréckelt géife ginn, mee ech si mer selwer net ëmmer sécher, wourunner ech mech hale soll, virun allem wann den LOD an d'Gewunnechten hei sech widderspriechen...
-- 15:43, 17. Dez. 2022 (UTC) Volvox (Diskussioun) 15:43, 17. Dez. 2022 (UTC)Äntweren
Moien och
En etlech Katgorië goufen ugeluecht wéi d'Wiki nach an de Kannerschong stouch. Anerer goufe vu Leit ugeluecht déi net sou dat richtegt Sproochgefill hunn an nees anerer vu Leit déi net sou gutt opgepasst hunn (wéi dat mir och alt mol virkomm ass).
Et gëtt e puer Saache wou mer ons net strikt un den LOD halen wéi z. B. d'Graphievarianten wou mir ons eng Kéier op Graphie mat ph festgeluecht hunn.
Wat de Genus vun de Lännernimm ugeet, sou hu mer net méi laang wéi virun enger Woch mat Responsable vum LOD geschwat a si hunn ons confirméiert datt se déi nach eng Kéier géifen nokucken well do nach deen een oder anere Mippche kéint dra sinn. Déi Ännerungen déi de GilPe lo hei proposéiert huet fir ze réckelen si m. M. richteg am LOD, an ausser dem Angola hunn ech bis lo nach weider kee gesinn dee falsch do steet (wat awer net wëll heeschen datt ech se all nogekuckt hunn).
--Les Meloures (Diskussioun) 16:05, 17. Dez. 2022 (UTC)Äntweren
Merci fir de Feedback. Da maachen ech mech mol dorunner d'Kategorien ze réckelen. (Iwwregens hunn ech och den Hiweis mat der Schreifweis vu „Graphie“ an der [[Kategorie:Ozeanographie]] behäerzegt.)
-- Volvox (Diskussioun) 17:18, 17. Dez. 2022 (UTC)Äntweren

Merci zesummen! Et sinn nach e puer Kategorie déi fir mech gelunge kléngen, mä den LOD gëtt do zwou Varianten un (z.B. am/an Uruguay, an/am Chile, …). Waarde mer mol of wat eventuell nach vu Verbesserunge kënnt. GilPe (Diskussioun) 17:10, 18. Dez. 2022 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Sport um Cap Vert".