Kategorie Diskussioun:Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
Leschte Kommentar: viru(n) 3 Deeg vum GilPe am Sujet Extra Kategorie fir Persounen?
Extra Kategorie fir Persounen?
ännerenGudde Moien,
Hei an der Kategorie ass et e bësse konterbont… wär et net besser eng extra Ënnerkategorie fir déi Persounen ze maachen, déi momentan an dëser Kategorie sinn? Am Sënn vun "Persoune mat Bezuch op Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich"? Mä dat kléngt e bësse komplizéiert. Huet eventuell een eng gutt Iddi? Merci GilPe (Diskussioun) 08:29, 22. Dez. 2024 (UTC)
- Moien,
déi relativ grouss an thematesch homogeen Kategorien Lëtzebuergesch Resistenzler an Zwangsrekrutéiert si jo schonn an Ënnerkategorien ausgelagert. Ech perséinlech stéiere mech net dorunner, datt mer hei an der Kategorie Persounen an Net-Persounen zesummestoen hunn. De facto ass et zwar oft sou, datt an eise Kategorien entweeder just Persounen oder guer keng Persoune virkommen, mee an dësem Fall geet et ëm Persounen, déi eppes mam Theema Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg ze dinn hunn ouni an eng speziell Klass ze falen an ouni datt d'Relatioun zum Theema vun enger bestëmmter Zort ass; virun deem Hannergrond gesinn ech den Interêt net ganz, fir déi Persoune vun deenen anere Sujeten, déi eppes mam Theema ze dinn hunn, ze sënneren. --Volvox (Diskussioun) 11:46, 22. Dez. 2024 (UTC)
Jo, et war mir eeben opgefall, datt mer an der Kategorie Persounen an Net-Persounen hunn. Mä e Problem hunn ech awer net, wa mer et loosse wéi et ass. Merci. GilPe (Diskussioun) 12:13, 22. Dez. 2024 (UTC)