Kategorie Diskussioun:Gouverneure vu Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 8 Joer von GilPe in Abschnitt Eng an déi selwecht Persoun?

Eng an déi selwecht Persoun? änneren

An der Kategorie vun de Gouverneure ginn et zwéin Artikelen, wou ech mech froen op et sech dobäi net em eng an déi selwecht Persoun handelt:

Handelt et sech heibäi net em den Philippe de Ligne-Arenberg, prince de Chimay et de Croy d'Arenberg (1619–1675) wéi en an der Liste der Gouverneure von Luxemburg an der däitscher Wiki steet? - Merci fir Är Hëllef --GilPe (Diskussioun) 05:47, 29. Abr. 2016 (UTC)Äntweren

Jo dat ass deen; e gëtt dacks awer just ënner dem Numm Philippe d'Arenberg gefouert. Déi aner Titelen hat en net am Ufank. En huet déi eréischt méi spéit beim Doud vu sengem Brudder, dee keng Kanner hat, geierft. E war Gouverneur vu Lëtzebuerg a vum Hainaut --Les Meloures (Diskussioun) 07:36, 29. Abr. 2016 (UTC)Äntweren
Moien, dat misst effektiv zesummegeluecht ginn, woubäi et quokeleg dierft ginn, wéi déi 'richteg' Kuerzform fir d'Lemma soll sinn. Fir d'Saach e bësse méi komplzéiert ze maachen: An deem engen Artikel steet, d'Chimaysgaass wier no him genannt, am aneren, d'Beaumontsdgaass. Um Schëld vun der Beaumontsgaass sinn Datumen, déi eise Philippe no eréischt sengem Doud zum Gouverneur maache géifen, wann hien et da wier. Do bleift nach jett nozekucken. Merci emol un de GilPe fir d'Lëscht vun de Gouverneuren, déi et hëlleft, e besseren Iwwerbléck ze kréien. Eenzege Probleem vu där Lëscht: et gëtt keng Quell (ausser eng Referenz op e Privatsite, dee selwer awer net ugëtt wou d'Informatiounen hier sinn). Wann een e Buch oder Artikel kennt, wou ee méi zu deene sëlleche Gouverneure ka gewuer ginn (ë.a., wat hir genee Fonctiounen a Pouvoire waren, oder wat hir Originnen ugeet, asw.), wier dat natierlech hëllefräich. --Zinneke (Diskussioun) 09:13, 29. Abr. 2016 (UTC)Äntweren
Den Numm vun der Beaumontsgaass geet warscheinlech op den Ernest zréck dee jo och Gouverneur vu Lëtzebuerg war. --Les Meloures (Diskussioun) 09:20, 29. Abr. 2016 (UTC)Äntweren
Jo, ech sinn och zu däer Conclusioun komm; ech probéieren déi eenzel Artikelen à jour ze setzen. --GilPe (Diskussioun) 10:43, 29. Abr. 2016 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Gouverneure vu Lëtzebuerg".