Karin Monschauer

lëtzebuergesch Kënschtlerin

D'Karin Monschauer, gebuer den 2. September 1960 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin. No hirer Première am Escher Jongelycée huet si eng ganz Rei Joren zu Lëtzebuerg geschafft. Wéinst hirem éischte Liewenspartner, deen Italieener war, huet si sech dacks an Italien opgehalen. Si wunnt zurzäit (Stand: 2022) zu Muralto an der Schwäiz.

Karin Monschauer
Gebuer 2. September 1960
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Graphiker, visuelle Kënschtler

Schonn als Teenager huet si eege Biller brodéiert. Zanter 2015 ass si kënschtleresch méi aktiv ginn an huet sech a Computergraphik an an der digitaler Konscht spezialiséiert. Hir digital Wierker dréckt si dann an héijer Opléisung op Toile an ënnerschiddleche Gréissten. Niewent hirer digitaler Konscht, brodéiert si weiderhin an huet och ugefaangen ze wiewen an ze molen.

Ausstellungen änneren

D'Kënschtlerin huet hir Wierker a ville Gruppenausstellungen ausgestallt an dat a verschiddene Länner wéi Italien, Portugal, Däitschland, Belsch, Éisträich, Spuenien, Schwäiz, USA, Kanada, Vereenegt Arabesch Emirater.

Perséinlech Ausstellungen änneren

  • 2022 "L'intreccio Ordente dell'Arazzo del Vivere fra Narrato e Narrante", Galleria Accademica Arte Contemporanea, Canale di Monterano di Roma, Italien
  • 2022 "Universi di colore", Galleria Margutta, online
  • 2021 Centro Culturale Polivalente San Francesco, Ventimiglia, Italien
  • 2021 Caffè Corte Cavour, Ravenna, Italien
  • 2019 Banca Raiffeisen, Locarno, Schwäiz
  • 2018 Colorida Art Gallery, Lissabon, Portugal
  • 2018 Universi Geometrici, Casa dei Carraresi, Treviso, Italien
  • 2017 Lycée de Garçons Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg
  • 2016 Spazio Ambiente Locarno, Schwäiz

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren