Kapell Schweech
D'Kapell zu Schweech ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Schweech (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Schweech | |||
Par | Par Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Véier Evangelisten | |||
Baujoer | 16. Joerhonnert | |||
Koordinaten | 49° 43’ 09.5’’ N 05° 55’ 34.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréiner vun der Kapell sinn déi véier Evangelisten.
D'Kapell steet südlech vun der Uertschaft am Kapellebierg, enger klenger Säitestrooss vum CR301.
Zur fréierer Par Ielwen huet ausser der Kapell vu Schweech och nach d'Kierch vun Ielwen gehéiert.
Geschicht änneren
D'Kapell hat déi nämmlecht Bauhäre wéi d'Buerg zu Simmer a staamt aus dem 16. Joerhonnert.
Patréiner vun der Kapell war fréier den hellege Markus.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kapell Schweech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Atertdall Sainte-Claire
- D'Fënstere vun der Kapell vu Schweech op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)