Kapell Näerzeng
Kapell vun Näerzeng | |
Uertschaft | Näerzeng |
Par | Hënchereng |
Numm / Patréiner | Hl. Andreas |
Konsekratiounsjoer | - |
Architekt(en) | - |
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell vun Näerzeng ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Hënchereng, zum Parverband Beetebuerg-Huncheréng, zu der Pastoralregioun Süden, zum Dekanat Beetebuerg an zu der Gemeng Beetebuerg gehéiert.
Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt.
Si steet am ëstlechen Deel vun der Uertschaft an der Kierchestrooss, enger Sakgaass, nëmmen zirka 50 m vun der CFL-Linn 60. Ronderëm d'Kapell ass de Kierfecht ugeluecht.
Op der Fassad iwwer dem Agank steet d'Joreszuel 1758.
Zur Par Hënchereng gehéieren ausser der Kapell vun Näerzeng och nach d'Parkierch vun Hënchereng an d'Kapell vu Fenneng.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kapell Näerzeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |