D'Kapell zu Grenzen war eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ettelbréck gehéiert huet.

Kapell vu Grenzen
Kapell vu Grenzen (2006)

Kapell vu Grenzen (2006)
Kapell vu Grenzen (2006)
Uertschaft / Plaz Grenzen
Par Par Ettelbréck
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Tréischterin am Leed
Konsekratioun 1987
Baujoer 1773
Koordinaten 49° 49’ 53.6’’ N
      06° 05’ 27.3’’ O
Kierchen - Kapellen

Si war der Tréischterin am Leed geweit.

D'Kapell steet op der Haaptstrooss, dem CR345.

Zur fréierer Par Ettelbréck hunn och nach d'Parkierch vun Ettelbréck an d'Kapell zu Waarken gehéiert.

Se gouf den 2. Mäerz 2018 op d'Lëscht vun de klasséierten nationale Monumenter agedroen.[1] Si gehéiert zanter 2016 der Gemeng Ettelbréck a gouf Ufanks 2021 entweit.[2].

Geschicht änneren

Se staamt aus dem Joer 1773. Et war am Ufank d'Privatkapell vun engem Jesuittepater vun Dikrech, nodeems do den Uerde vum Poopst Klemens XIV. opgeléist gouf.[3]

1985 huet d'Baroness de Broqueville aus dem Schlass Biertreng d'Kapell, déi an engem aarmséilegen Zoustand war, mat der Gemeng Ettelbréck géint Lännereie getosch.

Doropshin ass d'Kapell tëscht 1985 an 1987 vun der Gemeng renovéiert, an den 18. September 1987 vum Bëschof Jean Hengen nei ageweit ginn.

Fotoalbum änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Grenzen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Arlette, Schmit, Ein letzter Blick ins Innere, Die Kapellen von Warken und Grentzingen werden leer geräumt und einer neuen Nutzung zugeführt, Luxemburger Wort, 3. Abrëll 2021, S. 30
  3. Das Dörfchen mit dem Leuchtturm - Das kleine Grentzingen ist seit jeher vom Leben mit der Alzette geprägt, Luxemburger Wort vum 3. Juli 2015, S. 28