Kapell Folkendeng
D'Kapell zu Folkendeng ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() Kapell vu Folkendeng (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Folkendeng | |||
Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Mathias | |||
Baujoer | 1866/67 | |||
Koordinaten | 49° 50’ 31.4’’ N 06° 12’ 06.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.
Si steet op der Haaptstrooss, dem CR356B. De 5. Februar 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zu der fréierer Par Steeën huet ausser der Kapell vu Folkendeng och nach d'Parkierch vu Steeën gehéiert.
Geschicht Änneren
An engem Visitatiounsrapport vu 1738 gouf d'Kapell als Filialkierch vun Eppelduerf ernimmt. 1808 ass d'Kapell vun der Eppelduerfer Kierchefabréck an de Besëtz vun der Steeëner iwwergaangen. Déi Zäit war d'helleg Adelgundis nach Patréinesch vun der Kapell.
Déi haiteg Kapell staamt aus de Joren 1866/67, wou d'Kapell fir en Devis vu 4900 Frang nei gebaut gouf.[2]
D'Kapell gouf am Joer 2020 entweit.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Kapell Folkendeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-
Westsäit vun der Kapell
-
Den Agank fir an d'Kapell
Referenzen Änneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 1. September 2023).
- ↑ Bau-Verding. Kapelle von Folkendingen Der Wächter an der Sauer, 2. Mäerz 1866