Der Wächter an der Sauer

Entête vun der éischter Nummer.

Der Wächter an der Sauer war eng däitschsproocheg Zeitung, déi zweemol d'Woch, fir d'éischt den 3. Januar 1849, zu Dikrech beim Joseph Antoine Schroell (1798-1865) erauskoum.[1] Et war d'Nofollgerzeitung vum Diekircher Wochenblatt, dat sengersäits Enn 1837 den Nofollger vum Wochen-Blatt für Bürger und Landleute war, der éischter "Provënzzeitung" déi zu Lëtzebuerg erauskomm ass.

De Wächter an der Sauer huet sech, nom Staatsstreech vun 1856, aus politesche Grënn vum 2. Januar 1858 bis zum 3. Oktober 1860 an Der Telegraph ëmbenannt, fir dann nees, bis den 1869 den ursprénglechen Titel ze droen.

Den 10. Februar 1869 huet den Apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg Nicolas Adames en Hiertebréif publizéiert, an deem en de Leit gedreet huet, se kréiche keng "gültige Lossprechung" [vun hire Sënnen], wa se weiderhin de Wächter (sou wéi och d'Wäschfra) géifen abonéieren, well do dran "die fürchterlichsten Gotteslästerungen gegen die anbetungswürdigste göttliche Person Jesu Christi selbst" gestanen hätten. Bannent e puer Wochen sinn d'Abonementer sou erofgaangen, datt de Schroell d'Zeitung den 21. Februar an Der Volksfreund huet missen ëmbenennen.[2] Dëse gouf 1877 an Der Landwirth ëmgedeeft; säin Editeur war de Justin Schroell an e koum bis 1940 eraus.

Inhaltlech war de 'Wächter an der Sauer ufanks, ausser dem Leitartikel an Informatiounen zum Etat civil vun Dikrech, bal nëmmen aus Artikelen aus aneren Zeitungen an engem Fortsetzungsoman zesummegesat. 1851 gouf de Jong vum Editeur, den Théophile Schroell, Redakter, deen Aktualitéitsartikelen zum politeschen Debat geschriwwen an och ë. a. Gedichter ofgedréckt huet, sou där vum Michel Rodange. Politesch war de Wächter lénksliberal.

Um SpaweckÄnneren

Kuckt ochÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Source, wou net anescht uginn: Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg. 1704-2004. Luxemburg, SIP, 2004, S.78-79.
  2. Hilgert, wéi uewen, S.113