D'Kapell um Kierfecht zu Elleng war eng kathoulesch Kapell, déi haut als Morgue benotzt gëtt.

Kapell vun Elleng

Uertschaft / Plaz Elleng
Par Elleng
Dekanat Réimech
Numm / Patréiner Hellege Lambert
Koordinaten 49° 31’ ’’ N
      06° 17’ ’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell gouf, zesumme mam Kierfecht a mat Weekräizer, de 24. Juli 2019 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter gesat.[1]

Geschicht änneren

Am Januar 1803 ass Elleng zu enger eegestänneger Par erhuewe ginn. Virdrun huet et zur Par Duelem gehéiert. Zu där Zäit stoung op der Plaz vum haitege Kierfecht eng Kapell, déi och schonn dem hellege Lambert geweit war. Vun där Kapell, déi 1871 ofgerappt gouf, ass haut nëmmen nach de Chouer erhalen, den als Morgue benotzt gëtt.

Biller vun de Weekräizer änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).