Kapell Éischt
D'Kapell vun Éischt ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Rammerech Saint-Valentin, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Éischt | |||
Par | Par Rammerech Saint-Valentin | |||
Dekanat | Dekanat Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Remakel | |||
Koordinaten | 49° 49’ 22.9’’ N 05° 53’ 13.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Remakel, deem säi Fest den 3. September gefeiert gëtt.
D'Kapell steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR308A, mat der rue du Château.
Zur fréierer Par Folscht gehéieren och nach d'Kierch vu Folscht an d'Filialkierch vun Hueschtert.
Geschicht
ännerenBis zur Grënnung vun der Par Folscht huet d'Kapell zu der grousser Par Osper gehéiert.
D'Schrëftstécker soen näischt iwwer d'Origine vun der Kapell. De massive Klackentuerm däerft awer op d'mannst op d'15. Joerhonnert zeréckgoen.
1516 gouf et en Accord tëscht den Duerfleit an dem Osper Paschtouer Clais all Woch eng Mass an der Kapell zu Éiere vun den hellege Remakel a Quirinus liesen ze loossen.
Kapell vu bannen
ännerenAn der Entrée vun der Kapell steet de Grafstee vum Nicolas Ungeschick († 1658), dee Kavallerieskapitän war a sech als Riichter ëm d'Lännerei vun den Häre vun Useldeng gekëmmert huet.
Um Altor stinn eng Rei al a wäertvoll Skulpturen: Eng Statu vun der Muttergottes a vun den hellege Remakel a Quirinus.
Fotogalerie
änneren-
Héichaltor mat der Statu vum hellege Remakel, dem Patréiner vun der Kapell
-
Banneraum vun der Kapell
-
Banneraum vun der Kapell hannen
-
Grafstee vum Nicolas Ungeschick - Detail
-
Grafstee vum Nicolas Ungeschick
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kapell Éischt – Biller, Videoen oder Audiodateien |