Kaffi (Molzecht)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kaffi als Molzecht. Fir d'Gedrénks u sech, kuckt wgl. Kaffi. |
Kaffi (méi seelen: Mueresiessen) gëtt déi éischt Molzecht genannt, déi een an der Reegel moies zou sech hëlt (Kaffi drénken).
Duerch d'Geschicht an uechter d'Welt sinn et ganz ënnerschiddlech Gewunnechten a Bräich, aus wat fir Liewensmëttel en typesche Kaffiskascht sech zesummesetzt, wéi laang en dauert, a wéi wichteg e par Rapport zu anere Molzechten am Dag ass.
Zu Lëtzebuerg besteet de Kaffi gewéinlech aus engem waarme Gedrénks (Kaffi - dohier den Numm -, Schockelaskaffi oder Mëllech, méi seelen Téi) an aus Bakwueren (Bréidercher oder Schmieren), op déi verschidde Saachen dropgeschmiert oder -geluecht ginn: Botter oder Margarine, Kéis, Zoossiss, Ham oder soss Charcuterie, Gebeess, Hunneg, Schockelasbotter,...). Do derbäikommen heiansdo Orangëjus, Eeër, Müsli oder Cornflakes, Jugurt, Kaffiskichelcher, asw.
Den Ausdrock "Kaffi drénken" ass eréischt an der zweeter Hallschecht vum 19. Joerhonnert opkomm, mat der Verbreedung vum Kaffi bei den 'einfache Leit'; virdru gouf et traditionnell Muereszopp als éischt waarmt Gedrénks fir den Dag unzefänken.[1]
No Länner
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kaffi (Molzecht) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Stéphanie Majerus: "De Bounekaffi." d'Lëtzebuerger Land Nr. 1, 07.01.2022, S.10-11.