Juni-Lyriden
Juni-Lyriden[1] | |
---|---|
Aktivitéitszäitraum | 11. - 21. Juni |
Aktivitéitsmaximum | 16. Juni |
Radiantnpositioun vum Maximum |
RA: 18h 32m DE: +35° |
ZHR | var |
Populatiounsindex | 3,0 |
geozentresch Vitess | 31 km/s |
Bei de Juni-Lyriden handelt et sech ëm ee Meteorstroum dee gutt vu Mëtteleuropa aus ze gesinn ass. Fir d'éischt gouf hien am Joer 1966 observéiert.[1].
De Radiant vun de Juni-Lyriden läit am Stärebild Lyra, e puer Grad südlech vum Haaptstär Vega. Gewéinlech huet dëse Stroum eng kleng Meteorrat vu knapps 5 Meteoren pro Stonn, trotzdeem gëtt et och hei Ausnamen. Fir d'lescht konnten am Joer 1996 verschidden Observateuren eng méi héich Rat gesinn.[2]