Sainte-Menehould
Franséisch Gemeng
Sainte-Menehould ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est. Et ass d'Haaptstad vun der Argonne. D'Awunner heesche Ménehildiens.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Gemeng | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Marne | ||||
Arrondissement | Sainte-Menehould | ||||
Kanton | Argonne Suippe et Vesle | ||||
Postcode | 51800 | ||||
Gemengecode | 51507 | ||||
Koordinaten | 49° 05’ 27’’ N 04° 53’ 53’’ O | ||||
Fläch | 5 711 ha | ||||
Bevëlkerung | 4 979 (1999) |
Sainte-Menhould läit um Rand vun der Forêt d'Argonne um Fouss vun enger Kopp mat dem Numm Butte de Glaize, an op den Uwännere vun der Aisne an der Auve.
D'Stad ass bekannt doduerch, datt de Louis XVI., do op senger Flucht 1791 erkannt gi war.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Flucht op Varennes.
Iessenswäertes
ännerenD'kulinaresch Spezialitéit vu Sainte-Menehould si Schwéngsféiss, déi Amateure vun deem Kascht, sech net solle laanscht Nues goe loossen. Den Alexandre Dumas huet se a sengem Grand Dictionnaire de la cuisine beschriwwen a bekannt gemaach.
Bekannt Leit déi mat der Stad ze dinn hunn
änneren- Dom Pérignon
- Clémence de Pibrac
- Philippe Manœuvre
- Camille Margaine
- Michel Crozier
- Jean-Baptiste Drouet
- Jean-Baptiste Collin Grof vu Sussy, Minister beim Napoléon I.