De Julien Darui, gebuer de 16. Februar 1916 zu Uewerkuer a gestuerwen den 13. Dezember 1987 war e franséische Foussballspiller (Golkipp) an -trainer.

Julien Darui
Gebuer 16. Februar 1916
Uewerkuer
Gestuerwen 13. Dezember 1987
Dijon
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
1939 an der Finall vum franséische Championnat

Hien ass a Loutrengen opgewuess an ass 1935 bei den OFC Charleville als Golkipp spille gaangen. Dono stoung hie fir den Olympique Lillois, an 1939 fir d'éischt fir déi Franséisch Foussballnationalekipp am Gol. 1940 ass hie bei de Red Star Paris, spille gaangen, dono nees op Lille. Nom Krich war hie bis 1953 beim CO Roubaix-Tourcoing Golkipp, an dono beim Stade Olympique Montpelliérain. Nom Krich bis 1951 war hien och nees Spiller an der Nationalekipp, mat där e 25 Matcher gespillt huet.

1949 huet hien zu Montpellier als Foussballtrainer ugefaangen, 1954/1955 beim Olympique Lyon an 1959/1960 beim CL Dijon. Tëschenduerch ass hien am Zirkus Jean Richard opgetrueden, wou en Eelef-Metere gehalen huet. An de fréien 1960er Joren huet den Darui e Café-Bar-Tabac zu Dijon gefouert.

1994 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.

Um Spaweck änneren

Commons: Julien Darui – Biller, Videoen oder Audiodateien