Journal historique et littéraire

fréier lëtzebuergesch Zäitschrëft

Journal historique et littéraire war den Titel vun enger Zäitschrëft, déi vum August 1793 un zu Lëtzebuerg bei den Ierwe vum Buchdrécker André Chevalier (seng Duechter Anna a säin Eedem François Perle) erauskoum. Si war d'direkt Nofollgerin vun der Clef du cabinet des princes de l'Europe.

Journal historique et littéraire
Typ Zäitschrëft
Periodizitéit 2 Woch
Sprooch Franséisch
Éischt Ausgab Juli 1773
Grënner François-Xavier de Feller
Lescht Ausgab Juli 1794
Land Lëtzebuerg
Chefredakter François-Xavier de Feller


Redakter war de Jesuitt François-Xavier de Feller (1735-1802). Hien huet e fanatescht Kampfblat géint d'Opklärung, d'Philosophen an Encylopédisten, géint déi reliéis Reforme vum Jousef II. an d'Franséisch Revolutioun draus gemaach[1]. Vum Juli 1774 u koum d'Zeitung all 14 Deeg eraus. Ma den de Feller krut ëmmer méi Schwieregkeete gemaach, a vum 15. Februar 1788 u stoung op der Zeitung, si kéim "A Maestricht, chez François Cavelier" eraus a géif "à Liège, chez J.F. Bassompierre" verkaf.

Den 1. Juli 1794, wéi déi franséisch Revolutiounstruppe an d'Éisträichesch Nidderlanden amarschéiert sinn, koum déi lescht Nummer eraus.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Quell wou net anescht uginn: Romain Hilgert: "Den André Chevalier." um fréiere Site luxemburgensia.lu (net méi online; nozeliesen op web.archive.org).