De François Perle vun Arel, gestuerwe 1789, war Affekot a Schäffen, souwéi Drécker an Editeur an der Stad Lëtzebuerg.[1]

Hie war mat der Anne Chevalier bestuet, der Duechter vum André Chevalier, an huet d'Dréckerei Chevalier gefouert. No sengem Doud hu seng Ierwen d'Dréckerei ënner dem Numm Perle virugefouert.

Déi wichtegst Publikatioun war vun ongeféier 1789 bis 1794 d'Gazette de Luxembourg, dono Mélanges historiques et politiques an dono Gazette politique et littéraire de Luxembourg. Soss huet d'Firma an der Haaptsaach vun Almanachen a Schoulbicher gelieft.

Referenzen änneren

  1. Quell wou net anescht uginn: Romain Hilgert: "Dem François Perle séng Ierwen" um fréiere Site luxemburgensia.lu (net méi online; nozeliesen op web.archive.org).