Josy Welter (Geschäftsmann)

lëtzebuergesche Geschäftsmann (1924-2012)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Geschäftsmann Josy Welter. Fir de Resistenzler, kuckt wgl. Josy Welter (Resistenzler).

De Josy Welter, gebuer den 10. Januar 1924 am Pafendall (Stad Lëtzebuerg), a gestuerwen de 25. Juni[1] 2012 um Kierchbierg[2] (Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Geschäftsmann.

Josy Welter
Gebuer 10. Januar 1924
Gestuerwen 25. Juni 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Papp Josy Welter

No der Invasioun vu Lëtzebuerg duerch déi däitsch Wehrmacht am Zweete Weltkrich ass de Josy Welter kuerz viru sengem Premièresexamen aus dem Lycée gehäit ginn, well hie refuséiert huet, an d'Hitlerjugend ze goen. Hien ass zwangsrekrutéiert ginn, konnt awer flüchten an ass an déi belsch Armée blanche agetrueden, wou hien aktiv war, bis hien als Zivilist an den Déngscht vun der US-Army getratt ass.

Nom Krich huet de Josy Welter Planzebiologie studéiert. 1949 huet hie sengen Elteren hiert Geschäft um Roude Pëtz iwwerholl, wou hien nieft Planzen a Som och Hausdéieren (Vigel, Fësch, Hamsteren asw.) verkaaft huet.

An den 1950er Jore gouf de Josy Welter Sekretär vum Stater Geschäftsverband, deen hien da vun 1969 bis 1994 als President geleet huet. Zu sengen Initiative gehéieren de Bau vu Parkhaiser an der Stad an den Aménagement vun de Foussgängerzonen.

Literatur

änneren
  • Josy Welter † (1924-2012). Luxemburger Wort 2012, Nr. 151 (30. Juni), S. 22.
  • Josy Welter im Alter von 88 Jahren gestorben. Wort.lu, 30.06.2012. [1]
  • Josy Welter s'est éteint à l'âge de 88 ans. Wort.lu, 30.06.2012. [2]
  • Josy Welter ist tot. Tageblatt.lu, 30.06.2012. [3]
  • Im Alter von 88 Jahren: Josy Welter gestorben. Tageblatt 2012, Nr. 152 (2. Juli), S. 25.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Email vum Direkter vun der “Union Commerciale de la Ville de Luxembourg”.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 30. Juni 2012, S. 102.