D'Françoise Groben, gebuer de 4. Dezember 1965 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 28. Mee 2011, war eng lëtzebuergesch Cellistin.

Françoise Groben
Gebuer 4. Dezember 1965
Lëtzebuerg
Gestuerwen 28. Mee 2011
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Cellist
Famill
Papp Joseph Groben

D'Françoise Groben huet am Stater Conservatoire ugefaangen Cello beim Georges Mallach ze studéieren, an duerno op der Musikhochschule Köln an der Meeschterklass beim Boris Pergamenschikow d'Etuden ofgeschloss. Am Joer 1990 huet si den zweete Präis vum prestigiéisen Tchaikovski-Concours vu Moskau kritt.

Zanter 1998 war si Cellistin am Zehetmair Quartet, dee vum Thomas Zehetmair gegrënnt ginn ass an op der ganzer Welt optrëtt.

D'Françoise Groben huet, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Generalbank, op engem Matteo-Goffriller-Cello vu 1695 gespillt. D'Bank huet d'Instrument am Dezember 2012 dem Orchestre philharmonique du Luxembourg iwwerginn, wou et den Numm Le Luxembourgeois krut.[1]

D'Françoise Groben war d'Duechter vum Joseph Groben.

D'Françoise Groben op CD änneren

  • Corelli, Haydn, Mozart, Solistes Européens Luxembourg a Françoise Groben (SEL Classics)
  • Luigi Boccherini: Concertos pour violoncelle, Solistes Européens Luxembourg a Françoise Groben (SEL Classics)
  • Music Made in Luxembourg, Solistes Européens Luxembourg a Françoise Groben, a.a. (SEL Classics)
  • Streichquartette Nr. 1 & 3 vum Robert Schumann mat dem Zehetmair Quartett Ecm Record (Universal) (11. Februar 2003)
  • Werke für Kammerensemble vum Francis Poulenc Vol. 2 gespillt vum Alexandre Tharaud, Françoise Groben, a.a. Naxos (3. April 2000)
  • Busoni-Edition (Kammermusik) vum Ferruccio Busoni gespillt vum Rainer Wehle, Françoise Groben, a. a. Capriccio (DELTA MUSIC) (27. Dezember 2000)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 300 Jahre altes Cello der verstorbenen Françoise Groben an OPL übergeben, 12. Dezember 2012, wort.lu