Luxemburger Volkszeitung

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Luxemburger Volkszeitung (1893-1923). Fir d'Zeitung vun 1871 vun de Bridder Heintzlé, kuckt wgl. Luxemburger Volks-Zeitung.

Luxemburger Volkszeitung war eng däitschsproocheg Dageszeitung zu Lëtzebuerg, déi tëscht dem 18. Mäerz 1893 an dem 28. September 1923 zweemol d'Woch erauskomm ass.[1]

Editeur a Chefredakter war den André Welter, dee virdru beim Luxemburger Wort a bei der Obermosel-Zeitung geschafft hat. Gedréckt gouf se beim Joseph Beffort.

D'Luxemburger Volkszeitung war e populäert Masseblat mat villen Annoncen, dat eng Zäit laang méi Abonnente wéi d'Wort oder d'Obermosezeitung hat. D'Konkurrenzzeitung Escher Journal huet hir de 26. Juli 1902 virgeworf, si wier en "ultraklerikaalt Klaatschblietchen", dat mat Gerüchter, Skandaler a Klaatsch gefëllt wier.[2]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op bibnet.lu.
  2. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg. 1704 - 2004- Luxemburg, SIP, 2004, S.145.