Joseph-Germain Strock
De Joseph-Germain Strock, gebuer den 20. November 1865 zu Beefort a gestuerwen den 31. Dezember 1923 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Moler a Konschterzéier.
Zu sengem Wierk zielen Zeechnunge vun historesche Militäruniformen, Portraiten a Landschaften.
Inhaltsverzeechnes
Säi LiewenÄnneren
De Joseph-Germain Strock huet am Stater Kolléisch geléiert an ass duerno op Antwerpen op d'Académie royale des beaux-arts an op d'Académie Julian zu Paräis gaangen.
Hien huet 1903 seng Maîtrise de dessin gemaacht a war provisoresch Chargé de cours an der Industrieschoul bis en do 1905 eng Nominatioun als Zeecheprofesser krut.
De Joseph-Germain Strock war vun 1910 bis 1916 Sekretär vum Cercle artistique.
Vun 1912 bis 1917 war hie Chargé de cours am Stater Meedercherslycée.
AusstellungenÄnneren
LiteraturÄnneren
- Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur, S. 96, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2
AuszeechnungenÄnneren
- Prix Grand-Duc Adolphe (1908)
- Chevalier de l'Ordre de la couronne de chêne[1]
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Joseph-Germain Strock – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 3. Januar 1924, S. 3