Joseph-Alexandre Müller

De Joseph-Alexandre Müller, gebuer de 16. Juli 1854 zu Iechternach a gestuerwen den 13. November 1931 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Komponist an Dirigent.

Joseph-Alexandre Müller
Gebuer 16. Juli 1854
Iechternach
Gestuerwen 13. November 1931
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Dirigent

Hie war Schoulmeeschter zu Ierpeldeng bei Ettelbréck an an der Stad Lëtzebuerg, éier hien zu Köln an de Conservatoire gaangen ass.

Eng Zäit laang huet hien d'Musekgesellschaften zu Ettelbréck an zu Hollerech geleet. Hien huet Operetten, Kantaten a Lidder komponéiert.

Hie war den Auteur vun engem Handbuch Elementar-Gesangschule und Liederschatz, dat 1904 an der Dréckerei P. Worré-Mertens gedréckt gouf a vum Verlag Math. Kraus vu Lëtzebuerg an der Groussgaass op N° 33 publizéiert gouf. De Präis vum Bicheleche war deemools 1 Frang.

Zu Bouneweg ass d'Strooss J.A. Muller no him benannt.

Wierker änneren

  • "Du gutt Mamm, verloss" (Ech wees eng Mamm), LMK066
  • "Eichentod", LMK070
  • "Eichentod Seite 11 Schön ist die Welt", LMK154
  • "Eng Kineksrous", LMK006
  • "Kee schéinert Gleck", LMK246
  • "Mäi Letzebuerg", LMK005
  • "Wann d'Klacke lauden", LMK049

Um Spaweck änneren

Den Joseph-Alexandre Müller am Musikerlexikon

Kuckt och änneren