De Jos Kirps, gebuer den 21. Juni 1974, ass virun allem als Museker a Softwareentwéckler bekannt, obwuel hien eigentlech fir Schoulmeeschter geléiert hat an och eng Rei Jore Schoul gehalen huet.

Jos Kirps
Gebuer 21. Juni 1974
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Softwareentwéckler, Museker, Enseignant

Eng gewësse Bekanntheet huet hie schonn Enn vun den 1990er Joren als Gittarist bei der Metal-Band Pagan Lorn kritt. Bei dëser Grupp war och den RTL Moderateur Sascha Georges als Sänger dobäi. Ausserdeem huet hien als Graphiker geschafft, ënner anerem fir Linster Studios, dem Jang Linster säin Tounstudio, wou Pagan Lorn och hir zwou CDen opgeholl hunn.

Am Joer 2002 huet hie säi Beruff als Schoulmeeschter opgi fir mam Pino Fiermonte a Frank Trierweiler d'Firma EducDesign ze grënnen, déi an der Tëschenzäit als Softwarefirma fir d'Educatioun zu Lëtzebuerg bekannt gouf, ënner anerem mat der OLEFA Software, déi de Jos Kirps zanter 2000 entwéckelt huet, an dem AFELO Bildbeaarbechtungsprogramm. Zanter 2008 ass hien net méi bei EducDesign an och net méi un der Entwécklung vun OLEFA bedeelegt.[1]

Zanter 2006 schafft hien och un enger Open Source Software, dem CorneliOS Web-Betribssystem, deen een als Open Source Software (GPL) erofluede kann. Am Joer 2007 huet hie Galaxiki, eng Collaboratiounsplattform déi sech ëm eng virtuell Galaxis dréit, erausbruecht. Galaxiki huet eng Rei Präisser gewonnen, ënner anerem war d'Plattform Websäit vum Dag bei Yahoo, About.com a PocketLint, Websäit vun der Woch am amerikanesche Linux Magazine an och ee vun de Gewënner vun de SEOmoz Web 2.0 Awards.

Am Joer 2010 war hien ee vun de Grënner vun Joopita Research a.s.b.l.

Zënter 2009 schafft de Jos Kirps um oli.lu, enger gratis Nofolgeplattform vun OLEFA déi d'Konzept weiderféiert, an déi ënner dem Numm Morzino och fir den internationale Public disponibel ass. Den oli.lu ass am November 2011 online gaangen, bis haut hu sech ronn 11.500 Leit ugemellt. Am September 2016 gouf den oli.education.lu als nei Plattform fir d'Grondschoul vum Educatiounsministère virgestallt a ka sou vu ronn 50.000 Schüler an Enseignante via IAM Login benotzt ginn.

De Jos Kirps huet e Brudder.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Jos Kirps beschreift d'Entwécklung vun OLEFA