Oli.lu ass eng Bildungsplattform, déi zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf an och international ënner dem Numm Morzino disponibel ass.

D'Plattform bitt eng Rei e-Learning Apps, mat deenen een entweeder online üben (mat direkter Verbesserung), oder och Aarbechtsblieder drécke kann (mat Korrekturblieder). Sämtlech Aufgabe ginn dynamesch generéiert a loosse sech individuell am Niveau upassen, sou datt se den differenzéierten Unterrecht vereinfachen.

Mat der Virtueller Klass gëtt et en Environnement fir Schoulklassen, mat deene Schüler an Enseignanten Dokumenter, Texter, Aufgaben, Aarbechtspläng a Projete geréiere kënnen.

D'Plattform ass och e soziaalt Netzwierk, an deem ee sech vernetzen an Informatiounen austausche kann. Doriwwer eraus kënnen Enseignante Schoul-, Klassen- oder Projetswebsäite bauen, ouni op extern Hëllef ugewisen ze sinn.

D'Konzept vum oli.lu gouf 2009 vum Jos Kirps als Nofollger vun OLEFA entwéckelt. De Site ass Enn 2011 online gangen, bis haut hu sech iwwer 11.000 Leit um Site ugemellt.

Am September 2016 gouf den oli.education.lu als nei Plattform fir d'Grondschoul vum Educatiounsministère virgestallt a ka sou vu ronn 50.000 Schüler an Enseignante via IAM Login benotzt ginn.

Um Spaweck änneren