AFELO ass eng Software vun der lëtzebuergescher Firma EducDesign s.a., mat där ee Biller zesummestellen, verklengeren, späicheren oder och iwwer den integréierten FTP-Client direkt op eng Websäit iwwerdroe kann. AFELO ass allerdéngs keng vollwäerteg Billerveraarbechtungssoftware, de Programm eegent sech haaptsächlech fir Fotoen ze verklengeren an ze kompriméieren - virun allem fir Ufänger, déi hir Biller séier an einfach per Mail verschécken oder op en Internetsite luede wëllen.

AFELO gouf 2006 fir den Asaz mat der Serversoftware OLEFA entwéckelt, kann awer och ouni OLEFA agesat ginn (AFELO ass vum Numm OLEFA ofgeleet, wann een en hannerzeg liest).

De Programm ass a JAVA programméiert a leeft plattformonofhängeg ënner Windows, Mac OS a Linux. Den Interface vum Programm leeft a follgende Sproochen: Englesch, Däitsch, Franséisch, Hollännesch a Lëtzebuergesch.

Um Spaweck änneren