Joseph Brebsom

lëtzebuergesche Politiker
(Virugeleet vu(n) Jos Brebsom)

De Joseph Brebsom, genannt Jos, gebuer den 23. Mäerz 1913 zu Miedernach a gestuerwen den 28. Mäerz 2005[1] zu Steebrécken war e lëtzebuergesche Politiker.

Joseph Brebsom
Gebuer 23. Mäerz 1913
Miedernach
Gestuerwen 12. Abrëll 2005
Steebrécken
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Graf vum Jos Brebsom um Jousefskierfecht zu Esch.

Liewen änneren

Hi koum schonn a jonke Jore mat sengen Eltere vu Miedernach op Esch-Uelzecht, wou säi Papp op der Grenz eng Metzlerei bedriwwen huet. Vun 1933 bis 1945 huet e bei der Escher Jeunesse Foussball gespillt a spéider huet e verschidde Plazen am Comité vum Veräin iwwerholl.

Vu Beruff hat e grad wéi säi Papp och Metzler geléiert an en huet eng Zäit am Betrib vu sengem Papp geschafft. 1946 huet en e Busbetrib gegrënnt an dräi Autobusse bedriwwen, déi Nicole, Josée, a Josy geheescht hunn, d'Virnimm vun him a sengen zwou Duechteren. Hien huet awer domat nees opgehalen an ass nees a säi Beruff als Metzler zeréckgaangen an huet d'Metzlerei vu sengem Papp iwwerholl.

Politesch Karriär änneren

De Jos Brebsom gouf 1952 op der Lëscht vun der LSAP an den Escher Gemengerot gewielt an och an de Walen duerno gouf en all Kéier zeréckgewielt. Vum 10. September 1965 bis den 31. Dezember 1969 a vum 14. Abrëll 1970 bis den 13. Abrëll 1978 war e Schäffen, a vum 14. Abrëll 1978 bis den 31. Mee 1990 war e Buergermeeschter vun der Stad Esch.

Bei de Wale vun 1974 gouf en als Deputéierten an d'Chamber gewielt wou en och bis 1994 bliwwen ass. Tëscht 1989 an 1994 war en Alterspresident an der Chamber.

Aner Funktiounen änneren

Hie war och als President vum Verwaltungsrot vum Escher Spidol aktiv. Ausserdeem war e President vum TICE, President vum Escher Schluechthaus a Member vun der Handwierkerkummer.

Nom Jos Brebsom genannt änneren

  • eng Cité zu Esch-Uelzecht: d'Cité Joseph Brebsom (PLZ 4064) am Quartier Bruch tëscht der Bieleserstrooss an dem Boulevard Charles-de-Gaulle

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Hommage à Joseph Brebsom lors de la 29e séance le mardi, 12 avril 2005 de la chambre des députés