Joséphine Jaans

lëtzebuergesch Fraerechtlerin

D'Joséphine Jaans, gebuer zu Rëmeleng de 6. September 1890, a gestuerwen zu Lëtzebuerg de 6. Abrëll 1988, bestuet Jacquemart-Jaans, war eng lëtzebuergesch Lycéesprofessesch, Sportsfonctionnairin, Resistenzlerin a Fraerechtlerin.

Joséphine Jaans
Gebuer 6. September 1890
Rëmeleng
Gestuerwen 6. Abrëll 1988
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Feminist, Resistenzler, Lycéesprofesser
Famill
Bestuet mat Gustave Jacquemart
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Si huet sech Zäit hires Liewens fir de soziale Wuelstand, Fraerechter an de Fraesport agesat a war bis zu hirem Doud Member a Presidentin vun der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte.

Si war d'Fra vum Gustave Jacquemart.

De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss um Belair no hir ze nennen[1]; och zu Bartreng ass eng Strooss no hir genannt.

ReferenzenÄnneren

  1. op archives-vdl.findbuch.net