De Saul Bellow, gebuer den 10. Juni 1915 zu Lachine, am Québec, a Kanada, a gestuerwen de 5. Abrëll 2005 zu Brookline, am Massachusetts, war e kanadesch-US-amerikanesche Schrëftsteller. Fir seng Wierker krut hien ë. a. de Pulitzer-Präis, den Nobelpräis fir Literatur an d'National Medal of Arts.

Saul Bellow
Gebuertsnumm Solomon Bellows
Gebuer 10. Juni 1915
Lachine
Gestuerwen 5. Abrëll 2005
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Wisconsin-Madison,
University of Chicago,
Northwestern University
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Universitéitsprofesser, Essayist, Auteur
Member vun American Academy of Arts and Sciences, American Academy of Arts and Letters
Famill
Bestuet mat onbekannt, onbekannt, onbekannt, onbekannt

Seng bekanntst Wierker sinn ë. a. The Adventures of Augie March, Henderson the Rain King, Herzog, Mr. Sammler's Planet, Seize the Day, Humboldt's Gift a Ravelstein.

De Bellow huet sech als Kand missen an engem Slum derduerchschloen, a vill vu senge Romaner handelen dervun, wéi de Personnage sech huet missen duerchsetze fir eropzekommen, an d'Ghetto-Liewen hanner sech ze loossen, oder, méi allgemeng, wéi e géint d'Widregkeete vum Liewen ze kämpfen huet. Och d'jiddescht Liewen an Identitéit spillen eng wichteg Roll a sengem Wierk.

De schweedeschen Nobel-Kommittee huet a senger Laudatio geschriwwen, säi Wierk wier "eng Mëschung aus engem räiche pikareske Roman an enger subtiller Analys vun eiser Kultur, voller ënnerhalender Aventuren, drasteschen an trageschen Episoden, eng kuerz no där anerer, mat dertëschent verspreet, philosophesche Konversatiounen, wat alles zesummen an enger geeschträicher Sprooch vun engem Commentateur ausgeschafft gëtt, deen en déiwen Abléck huet an déi bannescht a baussecht Komplikatiounen, déi eis, jee nodeem, dozou leeden oder eis dovun ofhalen, eppes Bestëmmtes ze maachen, an dat een den Dilemma vun eiser Zäit nenne kann."[1]

Wierker (Auswiel) änneren

Romaner an Novellen änneren

  • Dangling Man (1944)
  • The Victim (1947)
  • The Adventures of Augie March (1953), National Book Award for Fiction 1954
  • Seize the Day (1956)
  • Henderson the Rain King (1959)
  • Herzog (1964), National Book Award 1965
  • Mr. Sammler's Planet (1970), National Book Award 1971
  • Humboldt's Gift (1975), Pulitzer Prize for Fiction 1976
  • The Dean's December (1982)
  • More Die of Heartbreak (1987)
  • A Theft (1989)
  • The Bellarosa Connection (1989)
  • The Actual (1997)
  • Ravelstein (2000)

Kollektioune vu Kuerzgeschichten änneren

  • Mosby's Memoirs (1968)
  • Him with His Foot in His Mouth (1984)
  • Something to Remember Me By: Three Tales (1991)
  • Collected Stories (2001)

Theaterstéck änneren

  • The Last Analysis (1965)

Saachbicher änneren

  • To Jerusalem and Back (1976), Memoiren
  • It All Adds Up (1994), Essayen
  • Saul Bellow: Letters, edited by Benjamin Taylor (2010), Korrespondenz
  • There Is Simply Too Much To Think About (Viking, 2015), Sammlung vu Sachliteratur

Literatur änneren

  • Saul Bellow's Heart: A Son's Memoir, Greg Bellow, 2013 ISBN 978-1608199952
  • Saul Bellow, Tony Tanner (1965) (see also his City of Words [1971])
  • Saul Bellow, Malcolm Bradbury (1982)
  • Saul Bellow Drumlin Woodchuck,Mark Harris, University of Georgia Press. (1982)
  • Saul Bellow: Modern Critical Views, Harold Bloom (Ed.) (1986)
  • Handsome Is: Adventures with Saul Bellow, Harriet Wasserman (1997)
  • Saul Bellow and the Decline of Humanism, Michael K Glenday (1990)
  • Saul Bellow: A Biography of the Imagination, Ruth Miller, St. Martins Pr. (1991)
  • Bellow: A Biography, James Atlas (2000)

Referenzen änneren

  1. [1] Press Release: The Nobel Prize in Literature, 1976, Swedish Academy