John Schummer

lëtzebuergesche Politiker a fréieren Handballspiller
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De John Schummer, gebuer de 5. September 1951[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (DP) a fréieren Handballspiller.

John Schummer
Gebuer 5. September 1951
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Handballspiller
Partei Demokratesch Partei

1969 war de Schummer fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet 14-mol an der Nationalekipp gespillt, an dobäi 37 Goler geschoss.[2]

1976 gouf hien Employé an der Direktioun vun der deemoleger Generalbank[3] an ass zanter 2011 Direkter vun der Fondation Kräizbierg zu Diddeleng.[4]

Hie war vum 14. Juli 1992 bis 2004 Deputéierten an der Chamber an ass Gemengeconseiller an der Gemeng Koplescht[5].

An der Period 2001-2002 war hie President vum Benelux-Parlament.

De John Schummer ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.[3]

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 392
  2. Archive copy Archivéiert de(n) 29.06.2017. Gekuckt de(n) 29.06.2017.
  3. 3,0 3,1 "Entretien avec John Schummer". Magazine Echo 2009-2.
  4. Contact op kraizbierg.lu, gekuckt 01.01.2013.
  5. Le conseil communal op kopstal.lu (gekuckt 01.01.2013)
  6. Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn Archivéiert de(n) 21.01.2020. Gekuckt de(n) 01.01.2013.