John Ernest Dolibois

amerikaneschen Diplomat
(Virugeleet vu(n) John E. Dolibois)

Den John Ernest Dolibois, gebuer de 4. Dezember 1918 zu Bouneweg a gestuerwen den 2. Mee 2014[1] zu Cincinnati, Ohio, war e lëtzebuergesch-amerikaneschen Diplomat.

John Ernest Dolibois
Gebuer 4. Dezember 1918
Bouneweg
Gestuerwen 2. Mee 2014
Cincinnati
Nationalitéit USA
Aktivitéit Diplomat

Liewen änneren

Seng Mamm ass gestuerwen, wéi hien e Puppelche war, a sou gouf e vu senger grousser Schwëster opgezillt. 1931 ass hie mat sengem Papp an d'Vereenegt Staaten emigréiert, wuer seng Schwëster mat hirem amerikanesche Mann geplënnert war. Hien huet zu Akron, Ohio de Lycée gemaach an op der Miami University zu Oxford studéiert. Well hie fléissent Däitsch konnt, ass hien an d'Army intelligence unit agezu ginn an huet zu de sougenannte Ritchie Boys gezielt.

Um Enn vum Zweete Weltkrich ass hien duerch Europa gefuer, fir gefaangen däitsch Zaldoten ze verhéieren. Sou ass hien am Summer 1945 och an de Camp Ashcan komm. Dat war de Code-Numm vun engem Gefaangelager fir héichrangeg Nazien an däitsch Militär, dat zu Munneref an engem Hotel ageriicht gi war. Hie war do ee vun de 5 Verhéierer, deenen hir Informatiounen, déi se sou kruten, bäigedroen hunn, d'Uklo beim Nürnberger Krichsverbriechertribunal virzebereeden.   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ashcan.

Wéi en nees an Amerika war, huet hie kuerz fir Procter and Gamble geschafft, dunn, vun 1947 un, 34 Joer laang op der Miami University, zulescht als Vizepresident an Chief development officer. Vun 1981 bis 1985 war hien Ambassadeur vun de Vereenegte Staaten zu Lëtzebuerg.

Éierungen änneren

Nom John E. Dolibois ass en Éierepräis fir Geschichtsfuerscher benannt, dee vum Michael J. Colligan History Project vun der Miami University Hamilton, zesumme mat der Hamilton Community Foundation zanter 2002 all Joer vergi gëtt. Déi éischt, déi mat deem Präis ausgezeechent goufen, waren de John E. Dolibois selwer (2002) an de fréiere President vun der Miami Universitéit, Phillip R. Shriver (2003).

Zu Lëtzebuerg dréit den Ofleeër vun der Miami University, den John E. Dolibois European Center, säin Numm. Och d'Villa Lefèvre, Sëtz vun der amerikanescher Ambassade an der Stad Lëtzebuerg, gouf 2003 no him Dolibois House genannt. A senger Sëtzung vum 23. Oktober 2019 huet den Déifferdenger Gemengerot decidéiert, een Deel vun der "rue du Gaz" nom John E. Dolibois ze benennen.[2]

Wierker änneren

  • John E. Dolibois: Pattern of Circles: An Ambassador's Story. Kent State University Press 1989. ISBN 0-8733-8702-3 (Seng Autobiographie).
  • John E. Dolibois: "Recollections of a former Luxembourger" In: 400 Joer Kolléisch. Luxembourg: Ed. Saint-Paul, 2003. Vol. IV: Hommage à l'Athénée, p. 51-55.

Literatur änneren

  • Meyer, Mireille, 2020. Der Verhörspezialist. Die Warte 67|2667 vum 19. Nov. 2020, S.17.
  • Haag, Emil, 2011. John E. Dolibois *1918, l'un des descendants de l'émigration vers les Étas-Unis, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 412-419.
  • Luxemburger Wort (Marcel Kieffer) 15. Mee 2014, S.6: Der verlorene Sohn

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. US-Botschafter John Dolibois gestorben; wort.lu 3. Mee 2014.
  2. Ville de Differdange. Conseil communal du 23 octobre 2019.
    Ewen, Luc: Namen mit Bedeutung. Wer sich mit den neuen Straßenbezeichnungen in Differdingen beschäftigt, erfährt Interessantes über die Geschichte. Luxemburger Wort 2019-11-04, S. 32.