De Johann Jacob Baeyer, gebuer de 5. November 1794 zu Müggelheim bei Berlin a gestuerwen den 10. September 1885 zu Berlin, war en däitsche Geodet a Generol. Hie war de Papp vum Adolf von Baeyer.

Johann Jacob Baeyer
Gebuer 5. November 1794
Gestuerwen 10. September 1885
Berlin
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Geodet, Militär, Geograph
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
Famill
Kanner Adolf von Baeyer

Vun 1813 bis 1815 war hie bei de Preisen an der Infanterie, wou en zum Offizéier an duerno zum Läitnant befërdert gouf. En ass dunn op Koblenz an eng Krichsschoul gaangen, wou e sech intensiv mat der Topographie beschäftegt huet.

Vun 1831 bis 1836 huet hie mam Friedrich Wilhelm Bessel Miessungen an Ostpreise bis zur Ostséiküst gemaach. Vun 1837 bis 1847 huet hie Miessunge vu Berlin bis zur Nordséiküst gemaach.

1861 huet hie virgeschloe ganz Mëtteleuropa ze vermoossen. Doropshin hu sech all Staate vun Europa (bis op England) gëeenegt fir Europa ze vermoossen. Hien huet dat ganzt koordinéiert. Wéinst sengem Asaz gouf hien zum President vun der neigegrënnter International Association of Geodesy, vun där hien och Grënnungsmember war, gewielt.

Literatur änneren

  • Ernst Buschmann: Aus Leben und Werk von Johann Jacob Baeyer. Nachrichten aus dem Karten- und Vermessungswesen, Band 112, Institut für Angewandte Geodäsie, Berlin, 1994.
  • Karl Reicheneder: „Gedenkstein für J.J.Baeyer“. in Zeitschrift für Vermessungswesen (zfv), Nr. 11/1962, S. 456.
  • Wolfgang Dick: „Zur Vorgeschichte der Mitteleuropäischen Gradmessung“. Beiträge zum J.J. Baeyer-Symposium, Berlin-Köpenick, 5.–6. November 1994, Deutsche Geodätische Kommission, Reihe E, Band 25, 1996, Frankfurt a.M.
  • Herbert Pieper: „Johann Jacob Baeyer“. Beiträge zum J.J. Baeyer-Symposium, Berlin-Köpenick, 5.–6. November 1994, Deutsche Geodätische Kommission, Reihe E, Band 25, 1996, Frankfurt a.M.
  • Joachim Höpfner: Johann Jacob Baeyer – ein hervorragender Geodät des 19. Jahrhunderts (PDF; 7 MB). Vortrag auf der Tagung zu Fragen der wissenschaftlichen Geodäsie anlässlich des Beginns der Arbeiten zur „Mitteleuropäischen Gradmessung“ vor 150 Jahren; Berlin, 14. September 2012.

Um Spaweck änneren

Commons: Johann Jacob Baeyer – Biller, Videoen oder Audiodateien