Joe's Bridge ass de Spëtznumm vun der Bréck N°9 iwwer de Kanal Bocholt-Herentals an der Gemeng Lommel an der Uertschaft Barrier. Iwwer d'Bréck féiert d'N715 déi do Luikersteenweg heescht.

Vue op d'Bréck
D'Bréck vum Kanal aus gesinn

D'Bréck krut hiren Numm vun de britteschen Truppen am September 1944. Si war d'Sprangbriet vun der alliéierter Buedemoffensiv mam Numm Operatioun Market Garden

D'Bréck gouf den 10. September 1944 vun den Irish Guards ënner dem Kommando vun de Lieutenant-Colonellen J.O.E. Vandeleur an G.A.M. Vandeleur (zwéi Kosengen) an enger Blëtzaktioun eruewert. Et war eng kombinéiert Infanterie a Panzer Aktioun déi duerch Artilleriefeier vun engem Fabrécksterrain aus, net wäit dovun ënnerstëtzt gouf. D'Wehrmacht hat deem just zwee 88 mm Geschëtzer entgéint ze setzen. Durch déi Eruewerung waren déi däitsch Truppen zu Hechtel deelweis agekesselt ginn, a se konnte sech nëmme mat ville Verloschter aus dem Stëbs maachen. E puer Deeg laang hunn déi Däitsch probéiert d'Bréck zeréck z'erueweren, wat en awer net gelongen ass. Déi brittesch Verloschter bei där Aktioun waren net grouss. Zu Lommel um Kierfecht gëtt et nëmmen ee Graf vun engem britteschen Zaldot, anerer sinn zu Arnhem an zu Oosterbeek begruewen.[1]

D'Irish Guards hunn der Bréck den Numm Joe's Bridge ginn, no den Initiale vun hirem Kommandant John Ormsby Evelyn Vandeleur.[2]

Bis op de Bréckekapp Joe's Bridge konnt d'Wehrmacht hir Positiounen am Norde vum Kanal nach bis de 17. September halen. Deen Dag huet de Feldmarschall Montgomery seng Offensiv lancéiert an d'Truppe sinn iwwer d'Bréck an Direktioun vun den hollännesche Stied Valkenswaard an Eindhoven weidermarschéiert.

Déi haiteg Bréck ass déi drëtt Bréck op der Plaz. Déi éischt haten d'Belsch am Ufank vum Krich gesprengt. Déi Bréck déi vun den Irish Guards eruewert gouf, war eng hëlze Bréck déi d'Besatzer opgeriicht haten. Um Uwänner vum Kanal nieft der Bréck steet en Informatiounspanneau deen iwwer d'Operatioun Market Garden renséignéiert. Et steet och e klengt Monument do dat un déi brittesch Truppen an hire Kommandant erënnert. Et ass och den Ausgankspunkt vun engem ronn 200 km laange Wanderwee den Airbornepad Market Garden dee vu Lommel op der Streck vun der alliéierter Befreiung, bis op Arnhem féiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Joe's Bridge – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Joe's Bridge archivéiert (en)
  2. Dat ass déi bekanntst Versioun. Aner Quelle soen et wier wéinst enger Trupp vum 615th Field Squadron RE gewiescht déi Joe's Troop genannt gouf, an déi d'Bréck ofgeséchert huet.