De Jo Nousse, respektiv offiziell Joseph Nousse, gebuer 1958 zu Diddenuewen am Departement Moselle, ass e franséischen Auteur, Komponist, Sänger, Songwriter a Gittarist. Hie war vu Beruff Enseignant. Hien ass den éischte Fonctionnaire vun der Éducation nationale dee vollzäiteg Lëtzebuergesch (Francique luxembourgeois / Lëtzebuerger Platt) enseignéiert huet.

Jo Nousse
Gebuer 1958
Diddenuewen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Gittarist, Liddermécher

De Jo Nousse ass zu Hunting am Sierker Land mat Lëtzebuerger Platt als Mammesprooch opgewuess. Hie léiert réischt mat sechs Joer Franséisch.

Als Museker war hien a follgende Museksgruppe bedeelegt: Geeschtemat?, Tutti Futti a Mannijo. Am Kader vun Tutti Futti war hien den Auteur vun engem Protestlidd géint d'Atomkraaftwierk Cattenom.

Wierker änneren

  • Léider a Gedichter fir d'Kanner. 1985
  • Chemin faisant avec l'âne de Sierck/Ënnerwee mam siirker Iesel. 2005

Theater a Spektakelen änneren

  • Schnaps, dat war jo säin éischt Wuert. 1986
  • Si le dragon m'était chanté
  • Dis voir !
  • Daniel Laumesfeld: le voyageur enraciné

Literatur änneren

  • Errances Bilingues. Éditions Gewan. 1984.
  • Fragments d'arc-en-ciel/Reebousplitteren. Éditions Gewan. 1992.
  • Plattagonie. Éditions Gau un Griis. 2009.

Discographie änneren

Geeschtemat ? änneren

  • Geeschtemat? séngt op Platt. LP, Médiaphone. 1981.
  • 1 Lidd op: Muselfränkéch oni Grenzen. Schnoog. 1984.

Mannijo änneren

  • Iwer d'Grenzen/Transfrontières. 1999.
  • Abrakadabra. 2001.
  • Dräilännergeck. 2006.
  • 20 magesch Lidder. 2011.
  • Café-Klatsch. 2014.

Tutti Futti änneren

  • Reebou. Maxi 45T, Apero/Tutti. 1987.
  • 1 Lidd op: Tontexte/Text-Töne. Coproduction SR/EMI. 1989.
  • 1 Lidd op: Lorraine d'En Fer. Amper. 1991.
  • 1 Lidd op: Musek ouni Grenzen. Schnoog. 1992.
  • Trans-Eurock Express. 1993.
  • 1 Lidd op: Vinilkosmo. Eurokka, 1995.
  • 2 Lidder op: Compil'Rock à Thionville. Cadence Music. 1995.
  • Bilingue dingue. Mini-album, 1996.

Um Spaweck änneren