De Joël Ngoy Kitenge, gebuer den 12. November 1987 zu Kinshasa an der Demokratescher Republik Kongo, ass e lëtzebuergesch-DR-kongoleesesche (Sic!) Foussballspiller.[1]

Joël Kitenge
Gebuer 12. November 1987
Kinshasa
Nationalitéit Lëtzebuerg, Demokratesch Republik Kongo
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 175 Zentimeter
Veräin/Ekipp CS Gréiwemaacher,
CS Uewerkuer,
Fola Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
F91 Diddeleng,
FC Schëffleng 95,
CS Gréiwemaacher

De Kitenge ass Stiermer an huet säin éischte Match am A-Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp den 12. Oktober 2005 am WM-Qualifikatiounsmatch géint Estland gespillt. Tëscht dem 12. Oktober 2005 am 2. September 2011 huet hien 29-mol fir déi lëtzebuergesch foussballnatioanlekipp gespillt an dobäi 2 Goler geschoss.[2]

No kuerzer Statioun a Frankräich (2007) an Däitschland (bis Januar 2008) huet hien déi lescht Méint vun der Saison 2007/08 fir den hollännesche Club FC Lienden gespillt. Leiden war deen Ament an der Hoofdklasse C Zondag, enger vun den am Total aacht Klassen um héchsten Niveau am hollänneschen Amateursfoussball (Hoofdklasse). Am Summer 2008 huet de Kitenge den Transfert zeréck op Lëtzebuerg fir bei d'Escher Fola gemaach.

Säi méi jonke Brudder Aristote spillt och bei der Fola Foussball.

De Kitenge am Kader vum FC Blo-Wäiss Izeg, uewen, de véierte vu lénks.

Clibb[3] änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen änneren

  1. Portrait vum Joël Kitenge op der Websäit vun der UEFA
  2. d'Lëscht vun de Lännermatcher vum Joël Kitenge op der Websäit vun European Football
  3. Portrait vum Joël Kitenge op der Websäit vun National Football Teams