Jeff Cigrand

lëtzebuergesche Spaasspolitiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jeff Cigrand, gebuer de 24. August 1993, ass e Lëtzebuerger Satiriker[1], Politiker a Grënner sou wéi President vun der Satirpartei Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ[2].

Jeff Cigrand
Gebuer 24. August 1993
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Hochschule Trier,
Lycée des arts et métiers
Aktivitéit Politiker, Softwareingenieur
Partei Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ

Educatioun

änneren

Am Lycée des arts et métiers huet hien 2013 en CATP an der Informatik ofgeschloss. Fir kënnen op eng Héichschoul ze goen, huet hien duerno e Fachabitur am "Eifel-Gymnasium" an der Neierbuerg am Joer 2016 ofgeschloss.

Op der Hochschule Trier huet hie Game Developement studéiert an 2018 e Bachelor of Science (B.S.) an deem Fach gemaach. Zanter 2023 schafft hien als DevOps Ingenieur[3].

Politesch Karriär

änneren

Hie war vun 2010 bis 2019 Member an der Piratepartei Lëtzebuerg[4] wou hien d'Parteimandater als President vun der Sektioun Stad am Bezierk Zentrum hat. No sengem Austrëtt huet hien am selwechte Joer zesumme mam Florian Holtgen an der Ayla Hentges d'PARTEI gegrënnt[5] vun där hien zanter der Grënnung President ass.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. (lb)An der Stad: 20 Leit manifestéiere géint d'Corona-Mesuren. www.rtl.lu Archivéiert de(n) 26.06.2024. Gekuckt de(n) 26.06.2024.
  2. (fr)F12673 - Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ - 20/01/2020 Immatriculation. lbr.lu Archivéiert de(n) 02.07.2020. Gekuckt de(n) 16.09.2023.
  3. LinkedIn Profil. Gekuckt de(n) 17.09.2023.
  4. Profil op der Websäit vun der Piratepartei gekuckt de 17. September 2023
  5. (lb)"d'Partei", eng nei Partei. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 17.09.2023.