Jeanne-Claude

franséisch-amerikanesch Kënschtlerin
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Jeanne-Claude, gebuer den 13. Juni 1935 zu Casablanca (Marokko) als Jeanne-Claude Denat de Guillebon a gestuerwen den 18. November 2009 zu New York City war eng franséisch-amerikanesch Kënschtlerin, Sculptrice a Fotografin.

Jeanne-Claude
2005
Gebuertsnumm Jeanne-Claude Denat de Guillebon
Gebuer 13. Juni 1935
Casablanca
Gestuerwen 18. November 2009
New York
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sculpteur, Fotograf, Konzeptkënschtler
Member vun Christo a Jeanne-Claude
Famill
Bestuet mat Christo

D'Jeanne-Claude ass dee selwechten Dag op d'Welt komm wéi hire Mann Christo, dee si am Oktober 1958 kenne geléiert huet, wéi hien engagéiert gi war fir Portraite vun der Jeanne-Claude hirer Mamm Précilda de Guillebon ze molen.

D'Koppel krut ee Kand, de Cyril, deen den 11. Mee 1960 gebuer gouf.

Der Jeanne-Claude an dem Christo hiren éischte Konschtprojet waren 89 Uelegfässer mat deene si 1962 d'Rue de Visconti zu Paräis verspaart hunn, als Referenz op de Bau vun der Berliner Mauer deen dat Joer virdrun ugefaangen hat.

Si goufen haaptsächlech bekannt well se grouss Gebaier, industriell Objeten oder bekannt Bauwierker agepaakt hunn. De Christo gouf als de Kënschtler, seng Fra als d'Organisatrice bezeechent, eng Opdeelung déi déi zwee awer 1995 dementéiert hunn.

Bekannt Aktiounen an Europa waren z. B. d'Apake vum Pont Neuf zu Paräis (1985), vum Berliner Reichstagsgebai (1995) a vun 178 Beem am Berower Park bei Basel (1998).

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jeanne-Claude – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren