Christo
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Christo, gebuer den 13. Juni 1935 zu Gabrowo (Bulgarien) als Christo Wladimirow Jawaschew ((bg) Христо Владимиров Явашев) a gestuerwen den 31. Mee 2020 zu New York City[1] war e bulgaresch-amerikanesche Kënschtler.
Christo | |
---|---|
Gebuertsnumm | Христо Владимиров Явашев |
Pseudonym | Christo, Кристо |
Gebuer |
13. Juni 1935 Gabrowo |
Gestuerwen |
31. Mee 2020 New York |
Nationalitéit | Bulgarien, USA |
Educatioun | National Konschtakademie vu Sofia |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler, Designer, Konzeptkënschtler, Zeechner, visuelle Kënschtler |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, KWY |
Famill | |
Bestuet mat | Jeanne-Claude |
Geschwëster | Anani Jawaschew |
Kanner | Cyril |
De Christo ass bekannt ginn, nodeems hie sech 1960 dem „Nouveau réalisme“, enger Kënschtlergrupp ëm de Moler Yves Klein an de Konschtkritiker Pierre Restany ugeschloss hat, och wann hien ni offiziell Member vun der Grupp war. Hien huet méi spéit - zesumme mat senger Fra Jeanne-Claude - grouss Gebaier, industriell Objeten oder bekannt Bauwierker agepaakt. Hie gëtt als de Kënschtler, seng Fra als d'Organisatrice bezeechent, eng Opdeelung déi déi zwee awer 1995 dementéiert hunn.
Bekannt Aktiounen an Europa waren z. B. d'Apake vum Pont Neuf zu Paräis (1985), vum Berliner Reichstagsgebai (1995) a vun 178 Beem am Berower Park bei Basel (1998).
Biller
änneren-
Reichstagsgebai, Berlin 1995
-
"The Floating Piers" Iseo-Séi, Italien 2016
Um Spaweck
ännerenCommons: Christo – Biller, Videoen oder Audiodateien |