Jean Baptiste le Rond d'Alembert

franséische Mathematiker an Enzyklopedist
(Virugeleet vu(n) Jean d'Alembert)

De Jean-Baptiste le Rond, genannt D'Alembert, gebuer de 16. November 1717 zu Paräis an och do den 29. Oktober 1783 gestuerwen, war e franséische Mathematiker a Physiker, ee vun de bedeitendste vum 18. Joerhonnert, an e Philosoph vum Zäitalter vun de Lumières.

Jean Baptiste le Rond d'Alembert
Gebuer 16. November 1717
Paräis
Gestuerwen 29. Oktober 1783
Paräis
Nationalitéit Frankräich, Kinnekräich Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Philosoph, Mathematiker, Physiker, Musikolog, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Musekstheoretiker, Enzyklopedist, Ingenieur, Astronom, Lexikograph, Intellektuellen
Member vun Royal Society, Académie française, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Accademia delle Scienze di Torino

Säi mathematescht Haaptwierk ware seng Opuscules mathématiques an néng Bänn. Den D'Alembert huet sech ë. a. och fir Musek intresséiert. 1752 huet en d'Éléments de la musique théorique et pratique publizéiert, an zwee Joer drop d'Réflexions sur la musique en général et sur la musique française en particulier.

Zesumme mam Denis Diderot war hien Editeur vun der Encyclopédie, déi tëscht 1751 a 1780 erauskoum. Hie selwer huet sech bei deem Projet virun allem ëm de mathemateschen Deel gekëmmert. Och den Discours préliminaire am éischte Band, eng Zort Manifest vun der Opklärung, war vun him, dobäi iwwer 1570 signéiert a ronn 210 onsignéiert Artikelen, meeschtens iwwer Sujete ronderëm d'Naturwëssenschaften.

Hien huet mat „opgekläerten Despote“ korrespondéiert, wéi dem Friedrich II. vu Preisen an der russescher Zarin Katharina der Grousser, stoung awer den Herrschenden ëmmer kritesch géintiwwer. A sengem Essai sur les gens des lettres et sur les grands huet e 1759 d'Vue vun der Welt vum Adel mat där vun de Philosophe verglach. Den D'Alembert war war en exzellenten Tacitus-Iwwersetzer. Hie war (Éiere)member vun der Russescher Akademie vun de Wëssenschaften (Péitersbuerg, 1764), der Preußische Akademie der Wissenschaften, der American Academy of Arts and Sciences (1781), der Académie des sciences an och vun der Académie française, vun där e 1772 Generalsekretär op Liewenszäit gouf.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Sur la destruction des Jésuites en France, par un auteur désintéressé, Edinburgh 1765 (Digitalisat)
  • Oeuvres, Paris 1821– (Digitalisat: Bd. 1, Bd. 2, Bd. 4)
  • Condorcet: Oeuvres de d'Alembert. Sa vie - ses oeuvres - sa philosophie. Didier, Paris 1853 (Digitalisat)
  • Einleitung zur Enzyklopädie. Hrsg. von Günther Mensching. (= Philosophische Bibliothek, Band 473). Meiner, Hamburg 1997. ISBN 978-3-7873-1188-0
  • Mémoire sur le calcul intégral. (1739)
  • Traité de dynamique. (1743 oder 1758)
  • Traité de l'équilibre et du mouvement des fluides: pour servir de suite au Traité de dynamique. (1744)
  • Réflexions sur la cause générale des vents. (1747, Paris, David l'aîné)
  • Recherches sur les cordes vibrantes. (1747)
  • Recherches sur la précession des équinoxes et sur la nutation de l'axe de la terre. (1749)
  • Éléments de musique. (1752)
  • Mélanges de littérature et de philosophie. (2. Teil 1753, 5. Teil 1759–1767)
  • Essai sur les éléments de philosophie. (1759)
  • Éloges lus dans les séances publiques de l'Académie française. (1779)
  • Opuscules mathématiques. (8 Teile, 1761–1780)
  • Œuvres complètes. Éditions CNRS, 2002 (ISBN 2-271060133)
  • Correspondance avec Frédéric le Grand. Éd. Preuss, Berlin, Duncker 1854, et al.
  • Inventaire analytique de la correspondance 1741-1783 Éd. de Irène Passeron, CNRS éditions, 2009

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Wikisource: Jean le Rond d'Alembert – Quellentexter
Commons: Jean le Rond d'Alembert – Biller, Videoen oder Audiodateien