Jean Tautges

lëtzebuergesche Schoulmeeschter
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Tautges, gebuer den 23. Januar 1830 zu Biissen a gestuerwen den 2. Januar 1871[1] zu Miersch, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Gewerkschaftler a Schrëftsteller.

Jean Tautges
Gebuer 23. Januar 1830
Biissen
Gestuerwen 2. Januar 1871
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Schrëftsteller, Gewerkschaftler

Hien huet seng Carrière als Schoulmeeschter zu Menster ugefaangen, an ass dunn op Miedernach gewiesselt. Vun 1859 un a bis zu sengem Doud war hien Oberlehrer zu Miersch[2].

De Jean Tautges huet sech fir d'Reform vum Schoulsystem agesat. Hie war Editeur vum Luxemburger Schulblatt[3] an huet ënnert anerem och fir de Luxemburger Schulbote Artikele geschriwwen.

Zu Bissen huet eng Strooss dem Jean Tautges säin Numm: rue Jean Tautges (L-7790).

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Constructions ou rédactions d'après modèles, Der Luxemburger Schulbote 19, 241. 1862.
  • Anthologie von Erzählungen, Fabeln, Parabeln, Märchen, erzählenden Beschreibungen und Briefen. Lëtzebuerg, 1867.[2]

Literatur änneren

  • Lucius, Marc (M.L.), 2008. Eis Stroossennimm (8): Rue 'Jean Tautges' In: Klautjen, Gemengeblat Biissen, Nr. 9/2008-3, S. 2. [2]
  • Voss, Peter, 2012. The Establishment and Significance of the 'Luxemburger Schulbote', 1844–1942. In: History of Schooling: Politics and Local Practice, 205-32. [3]

Referenzen änneren

  1. Editioun vum 28. Dezember 1936 vum Escher Tageblatt, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-02-13.
  2. 2,0 2,1 Editioun vum 19. Oktober 1938 vum Escher Tageblatt, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-02-13.
  3. Voss, Peter, 2012. The Establishment and Significance of the 'Luxemburger Schulbote', 1844–1942. In: History of Schooling: Politics and Local Practice, 205-32. [1]