De Jean Pierre Maeysz (Johann Peter Mäysz), gebuer den 2. Mee 1780 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen, de 27. August 1866, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.

Jean Pierre Maeysz
Gebuer 2. Mee 1780
Gestuerwen 27. August 1866
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Säi Graf um Nikloskierfecht.

No senger Priisterwei am Joer 1806 gouf Jean-Pierre Maeysz Vicaire zu Saarlouis; duerno huet hien am Kolléisch vu Phalsbourg Latäin enseignéiert. 1814 koum hien zeréck op Lëtzebuerg a war fir d'éischt Paschtouer vun der Par Sichenhaff (Bons-Malades) an duerno, bis 1841, vun der Par St. Jean am Gronn.

De Maeysz huet eng wichteg Roll bei der Kreatioun vun der École modèle, der Musterschoul fir Schoulmeeschteren, gespillt, déi 1818 gegrënnt gouf a wou hie vum Juli 1818 u bis zu hirer Ofschafung am Joer 1830 enseignéiert huet. De Maesz gouf 1849 "membre effectif"[1] vun der archeologescher Gesellschaft a war Grënnungsmember vun der Société des sciences naturelles.

De Maeysz huet eng Rei vu Schoulbicher publizéiert,[2] ë. a.: Chronologische Uebersicht der Geschichte der Stadt und des Gross-Herzogthums Luxemburg, nebst einer Topographie: zum Gebrauche der vaterländischen Elementar-Schulen des mittleren Unterrichts durch J.P. Mäysz. Zu Lützemburg: Schmit-Brück, 1819. 48 S.

Literatur änneren

  • Anonymus 1866. [Johann Peter Maeysz †]. Luxemburger Wort 1866, Nr. 200 (29. August), S. 2.
  • Namur, A., 1866. Notice biographique sur feu l'abbé J.-P. Maeysz. Luxembourg, Heintzé frères, 44 S.
  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, 490+XXXI+XII S. + table gén. alphabét. (J.-P. Maeysz: S. 259-261).
  • Sprunck, A., 1952. Jean-Pierre Maeysz père et fils. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fasc. 4, S. 417-456. [1]

Referenzen änneren

  1. Sprunck 1952, S. 454.
  2. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 2-3.