Jean François Schmit-Brück

De Jean François Schmit,[1] alias Schmit-Brück, gebuer de 27. Juni 1777 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 19. Dezember 1855, war e lëtzebuergesche Buchhändler, Pabeierfabrikant, Buchdrécker a Politiker.[2],[3]

Jean François Schmit-Brück
Gebuer 27. Juni 1777
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Dezember 1855
Lëtzebuerg
Aktivitéit Drécker, Industriellen, Politiker

Beamten an der Domänen- an Enregistrementsverwaltung änneren

De Jean François Schmit war de Jong vum Nottär Jean Pierre Schmidt an der Susanne Marguerite Vallet.[4]

De Jean François Schmit, dee virdru beim Militär war, ass 1801 als Surnuméraire bei der Domänen- an Enregistrementsverwaltung agetrueden.[2]

Drécker a Fabrikant änneren

Den 20. Mäerz 1802 huet hie sech an der Stad mat senger klenger Kusin,[2] der Marguerite Schmid (och nach Schmidt oder Schmit geschriwwen), de 6. August 1771 am Gronn gebuer, bestuet.[5] mat där hie fënnef Kanner hat. D'Fra war d'Wittfra vum Drécker a Libraire Petrus (Pierre) Bruch (alias Brück), mat deem si sech am September 1790 am Gronn bestuet hat an deen den 23. Mäerz 1799 an der Stad gestuerwen ass.[2] Vun hirem éischte Mann hat si fënnef Kanner krut,[6] vun deenen der nach dräi gelieft hunn, wéi si sech fir d'zweet bestuet huet.[7] De Jean François Schmit huet seng Plaz beim Enregistrement opgi fir d'Drécker- a Buchhändlergeschäft grad ewéi d'Pabeiermillen[8] vum Verstuerwene Pierre Brück ze féieren. Hien huet deem säin Numm bei säin eegenen derbäigesat an huet vun elo un mat "Schmit-Brück" firméiert.[9]

D'Dréckerei war an der häiteger Paschtoueschgaass.[10] Vun 1820 un huet de Schmit-Brück sech "Imprimeur des États du Grand-Duché de Luxembourg" nennen duerfen.[2] No sengem Doud huet säi Stéifenkel Pierre Brück d'Imprimerie weidergefouert.

Conseiller a Schäffen an der Stad änneren

De Schmit war Member vum Stater Gemengerot.[2] Eng éischt Nominatioun als Conseiller krut hien am September 1804, dono am Oktober 1817, dann am Mäerz 1824. Den 1. Januar 1833 gouf hie Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg. Bei de Gemengewale vum 10. November 1843 war hie stëmmegläich mat dem laangjärege Buergermeeschter François Scheffer, deen deemools 77 Joer al war, an zu Gonschte vum Schmit-Brück op säi Mandat verzicht huet.[11] De 15. Dezember 1843 krut de Schmit doropshin seng Nominatioun als Member vum neie Stater Gemengerot.[2]

Member vun der Biergermiliz änneren

Am Februar 1815 gouf de Schmit-Brück "Oberleutnant" (premier-lieutenant) an der Biergermiliz vun der Stad Lëtzebuerg.[2]

Am Abrëll 1828 gouf hie "premier capitaine" an de "Communal-Garden" (gardes communales). Am Mee 1831 huet hien awer vun deem Posten demissionéiert.[2]

Member vun der Assemblée des États änneren

De Jean François Schmit-Brück,"échevin et fabricant à Luxembourg", war ee vun den Notabelen, déi den 30. Oktober 1841 eng Nominatioun als Member vun der kuerz virdru konstituéierter Assemblée des États[12] kruten. Do huet hie vun 1842 bis 1848 de Kanton Lëtzebuerg vertrueden.[13]

Gielchen änneren

Duerch den Arrêté royal grand-ducal vum 23. Juni 1843 krut de Schmit-Brück eng Dekoratioun am hollännesche Léiwenuerden (Orde van de Nederlandse Leeuw).[2]

Literatur änneren

  • Neyen, A., 1861. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 2. Luxembourg, P. Bruck, 340+152+ 24 p. [1]
  • Rupprecht, A., 1932. Logements militaires à Luxembourg pendant la période de 1794 à 1814 : aperçu historique sur les anciennes rues et maisons de la ville haute. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 427 p. (Extraits de la revue "Ons Hémecht" années 1917-1928).

Referenzen änneren

  1. Den 28. Juni 1777 gedeeft an als Joannes Franciscus Schmidt am Dafregëster opgeschriwwen. (Dafregëster Luxemburg-Notre Dame 1749-1778. – Cf. Luxroots.com: Schmidt 1777).
  2. 2,00 2,01 2,02 2,03 2,04 2,05 2,06 2,07 2,08 2,09 Neyen 1861, S. 120-123.
  3. Rupprecht 1932, S. 282.
  4. Luxroots ; Dafregëster Luxemburg-Notre Dame 1749-1778.
  5. Luxroots.com. – Stad Lëtzebuerg, Stierfregëster 1855, Nr. 387.
  6. Luxroots.com.
  7. Neyen 1861, S. 120. – Déi dräi Kanner waren: d'Margaritha Brück (1792), d'Anna Margaritha Brück (1793) an de Pierre André Brück (1796). Déi verstuerwe Kanner waren d'Catharina Brück (17.06.1795 Lëtzebuerg Stad - ?) an de François Joseph Brück (6.9.1798 Lëtzebuerg Stad - 7.1.1800 ibid.).
  8. St.-Margarethen Pabeiermillen
  9. Neyen 1861, S. 120.
    Grégoire, P., 1964. Drucker, Gazettisten und Zensoren. Bd. 1. Luxemburg, St.-Paulus-Druckerei, S. 69.
  10. Rupprecht 1932, S. 263 a S. 280-281.
  11. Wirion, L., 1951. Les familles Scheffer et Seyler. Biographie nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 3, p. 149.
  12. Mémorial 1841, N° 51, p. 425-448 (Ordonnance royale grand-ducale, du 12 octobre1841, portant constitution d'États pour le Grand-Duché de Luxembourg).
  13. Mémorial 1841, N° 51, p. 450-452 (Ordonnance royale grand-ducale du 30 octobre 1841, portant nomination des membres des Etats.
    Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés : histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 528/529.